Wéi eng Aart vu Events & Kompetitioune gëtt et?
Fun Cups
Frëndlech Kompetitioune am Klammen a Bouldere, wou Spaass, Fairplay an d’Freed um Sport am Virdergrond stinn.
Kleng Events
Kleng Events an anere Hallen, wéi z.B Night Climbing, Petzl Lead oder ähnleches, bieden d’Méiglechkeet, sech mat anere ze moossen

Championat + Kompetitioune
Offiziell Championater + Kompetitioune am Inland a Ausland. Souwuel am Klammen ewéi och am Boulderen. (just mat Lizenz)
Wéini brauch ech eng Sportlizenz ?
Déi braus du just fir Championat + Kompetitioune
Fir Fun Cups oder Eventer déi öffters z.B am Red Rock oder der Escale zu Arel gemaach gi braus de keng Lizenz
Wéi a Wou kann ech mir eng Lizenz ufroen ?
Member beim KKB sinn.
Du muss als 1 Member bei eis am Veräin gin.
Sportlizenz + Médico
Du muss Dir e RDV huelen iwwert guichet.lu
(chemin d'accès : Accueil > loisirs > Activités sportives > Pratique d'une activité sportive > Contrôle médico-sportif).
https://sports.public.lu/fr/programs/medico-sportif.html
Hinne Soen datt's du am Klammklubbiissen baas.
Da kréie mir Info duerno, mat denger Lizenz Nr.
Spaass un der Erausfuerderung hunn.
Ab elo kanns du mat denger Lizenze un all de Championater + Kompetitiounen matmaachen.
Denk drun. "Dobäi ze sinn a Spaass ze hunn steet am Mëttelpunkt."
KKB TEAM
Wat ass KKB Team?
Am KKB Team fannt Dir eng ganz motivéiert Grupp vu Kanner an Erwuessenen, déi Loscht a Freed un Championater a Kompetitioune hunn. Zanter 2024 baue mir eis Team konsequent op a leeë vill Wäert op Zesummenhalt, a Spaass um Sport.
D’Betreiung vum Team läit an de Hänn vum Mike Graas a Mike Maack, déi sech mat vill Engagement an Asaz ëm eis Sportler këmmeren.
Mir trainéieren 3 bis 4 Mol pro Woch an ënnerschiddlechen Hale fir optimal Trainingskonditiounen:
Biissen
Red Rock
Escale zu Arel
BlocX
Eis Zil ass et, Talent ze fërderen, d’Motivatioun héich ze halen an eis Memberen optimal op national an international Kompetitioune virzebereeden, ëmmer mat Freed um Klammen.
Muss ech am KKB Team seen fir irgendwou Deel ze huerlen?
NEE!
Du kanns un all Event deel huelen och ouni am KKB TEAM ze seen!
Wat brauch ech, fir Deel vun eisem Team ze sinn?
Klamme kënnen, awer ouni Leeschtungsdrock, Motivatioun a Spaass un der Erausfuerderung. d’Alter spillt keng Roll.
De Fokus läit op Freed um Klammen, staarkem Teamgeescht an neien Erfarungen.
Däin Wee an TEAM
An de Kuer Avancé Freides erakommen.
Du muss denge Trainer soen dass du an Team komme wëlls, da kucken Si ops du Apt baas fir an de Kuer Avancé Freides Owes bei Sophie ze kommen.
Spaass un der Erausfuerderung
Wann s du am Kuer Avancé gewisen hues, datt s du Spaass un der Erausfuerderung hues a motivéiert bass, kanns du mol mat op Fun Cups goen.
Deel un Fun Cups an Eventer huelen
Géi zesumme mam KKB Team op Fun Cups an Eventer, fir éischt Erfahrungen am Kompetitiounsberäich ze sammelen a ganz ouni Drock ze kucken, ob dat eppes fir dech ass.
De Fokus läit op Freed um Klammen, Teamgeescht an neien Erfarungen.
Ab elo kanns du mam KKB Team trainéiere kommen.Spéitstens zu dësem Zäitpunkt muss du eng Sportlizenz souwéi e gültege Médico ufroen. fir un de Championater Deel ze huerlen.
Sportlizenz + Médico
Du muss Dir e RDV huelen iwwert guichet.lu
(chemin d'accès : Accueil > loisirs > Activités sportives > Pratique d'une activité sportive > Contrôle médico-sportif).
https://sports.public.lu/fr/programs/medico-sportif.html
Hinne Soen datt's du am Klammklubbiissen baas.
Da kréie mir Info duerno, mat denger Lizenz Nr.