Color Skins

img img img img img img

KKB

Fotoen

Kanner Bouldern

Encadréiert Bouldern fir Kanner 5-8 Joer, Méindes a Mëttwochs

Fotoen

Klamm Couren

Klamm Couren fir Kanner a Erwuessener ab 8 Joer, Mëttwochs

Fotoen

Klammen

Klammen fir Erweussener ab 15 Joer, Méindes a Mëttwochs

Fotoen

Iwwert de Klub

Klammklub Biissen

Eis MISSIOUN

Eis Missioun ass ee flotte Kader fir de Klammsport ze bidden. Dozou gehéiert:

• Encadréiert Evenementer a Coursen fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener fir d’Klammen/Boulderen ze entdecken.

• Coursen mat Trainer fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener fir sech an dësem flotte Sport weider ze entwéckelen.

• Mir sinn ee Veräin wou de Spaass um Sport an een aktiivt Veräinsliewen am Vierdergrond steet.

Op Ufänger oder laangjärege Klammsportler, jiddereen ass an eisem Klub wëllkomm.

img

Hans Marc

President vum Klub

Geschicht

2021 hunn sech e puer Biissener zesumme gedoen fir de KlammKlub Biissen an d’Liewen ze ruffen. Nom grousse Succès vun den Klammcoursen am Kader vun der Initiativ Biissen Beweegt Sech, war dat deen nächste Schrett fir de Klammsport an der Gemeng ze etabléieren. Gegrënnt gouf de Club den 29 Abrëll 2021, an déi éischt Course mat Trainer wäerten den 15. September 2021 starten.

img

Hans Marc

President vum Klub

Eisen Doheem

Eisen Doheem ass déi Biisser Sportshal. Et ass eng Multifunktiounshal mat enger integréierter Klammwand. Op 30 verschiddene Routen kann een déi 12 m bis un den Dag eropklammen. Och eng Boulderwand déi sech gutt fir eis klengste Sportler eegent, steet eis an der Hal zur Verfügung.

img

Hans Marc

President vum Klub

icon

Fotoen

icon

Präislëscht als PDF (keent geschwënn)

Waardelëscht

Member ginn

Jiddereen, kleng a grouss, dee bei eis well matmaachen ass wellkomm a gëtt Member an eisem Klub.

De Link zur Umellung fannt dir bei der jeeweileger Offer.

Wat bidde mir un

Boulder oder Klammcoursen sin no Altersgruppen gestaffelt. Des Coursen ginn trimestriell ugebueden a sin pro Trimester ze bezuelen. (September bis Dezember, Januar bis Abrell, Mai bis Juli) Den Tarif ass bei der jeeweileger Umellung affichéiert. D’Konditioun fir un de Coursen deelzehuelen ass dat dir och Member an eisem Klub gitt.

Escalade adulte (ab 17 Joer) Och wann dir scho Klammerfahrung hudd, muss dir duerfir ee Klammpass bei eis maachen, heescht eemol weisen dat dir eegestänneg klamme kennt. Wann dir nach keng Klammerfahrung hutt, da musst dir bei den Coursen matmaachen, bis den Trainer bestätegt, dat dir eegestänneg Klamme kennt. Memberen ënnert 18 Joer brauchen zousätzlech eng Autoristatioun vun hiren Elteren.

Et ass och méiglech eemol probéieren ze kommen. Dest natirlech am Kader vun der Nuit des sports oder op eiser Porte ouverte. Oder dir kontaktéiert eis a mir kucken dat eemol am laf vun der Saison ze erméiglechen.

Memberskaart
Froen bei der Umeldung ? De Marc ass do fir ze hëllefen
+352 621 192 013

Basic

80€ Joer

Ass Cotisatioun fir all Member!

Escalade libre inclus. Coure se Extra!

Escalade adulte

-
ab 16 Altersgrupp
NEE Trainer
Méindes 19:00 -22:30
Mëttwochs 21:30 -22:30

Eis Coure/Trim.
Coure sinn pro Trimester a supplementär zur Memberskaart ze bezuelen. 1 Coure pro Woch

Boulder Coure

+30€/Trim.
5-8 Altersgrupp
JO Trainer
Méindes 17:00 -17:45
Méindes 18:00 -18:45
Mëttwochs 16:45 -17:30

Klamm Coure

+35€/Trim.
8-10 Altersgrupp
JO Trainer
Méindes 18:00 - 19:15
Mëttwochs 17:45 - 19:00

Klamm Coure

+35€/Trim.
10-14 Altersgrupp
JO Trainer
Mëttwochs 19:00 - 20:15

Klamm Coure

+35€/Trim.
ab 15 Altersgrupp
JO Trainer
Mëttwochs 20:15 - 21:30
Close

Equipe

All Begeeschtert Sportler

img

Marc Hans

img

Mike Graas

img

Martine Atten

img

Mike Maack

img

Christian Hoscheid

img

Nick Aschman

img

Sophie

img

Sara

img

Fernando

img

Colin

img

Joé

Close

Kontaktéiert eis

Ganz Equipe ass do fir Iech

  • 7 rue Maximilian Cajetan de Bertrand L-7793 Bissen
  • +352 621 192 013
map.jpg